Helicopter with no blades Helicopter Blades

Urgence
24/7

Urgence
24/7

LAR dans les médias

Comme association sans but lucratif, LAR est étroitement lié à l’intérêt publique. C’est pourquoi nous tenons à maintenir notre public informé de notre travail.

Spektakulären Accident tëscht Suessem a Rondpoint Biff (source: rtl.lu)

2015-12-01 12.39-rgb1

De jonken Automobilist war op der naasser Streck wuel ze séier ënnerwee an hien huet d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer. Doduerch ass den Auto de Rampli eropgaang, wouduerch en ofgehuewen huet an eréischt eng 100 Meter méi wäit gelant ass. D'Gefier hat sech an der Luucht gedréint, sou datt et als éischt mam hënneschten Deel opkomm ass. Nieft der Police, de Rettungsdéngschter, déi de Mann aus dem Auto hu misste befreien, an engem Kran, fir den Auto ze biergen, war och d'Air Rescue op der Plaz. De Chauffeur koum mat schwéiere Blessuren an d'Spidol. D'Collectrice war tëscht der Sortie Suessem an dem Rondpoint Biff fir kuerz Zäit komplett gespaart, sou datt et zu Problemer am Trafic koum. Kuerz viru 15 Auer war d'Plaz vum Accident awer geraumt.