Helicopter with no blades Helicopter Blades

Notdienst
24/7

Notdienst
24/7

LAR in den Medien

Als gemeinnützige Organisation steht die LAR in besonderem Maße in der Öffentlichkeit. Es ist uns wichtig, die Menschen über unsere Arbeit auf dem Laufenden zu halten.

Spektakulären Accident tëscht Suessem a Rondpoint Biff (source: rtl.lu)

2015-12-01 12.39-rgb1

De jonken Automobilist war op der naasser Streck wuel ze séier ënnerwee an hien huet d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer. Doduerch ass den Auto de Rampli eropgaang, wouduerch en ofgehuewen huet an eréischt eng 100 Meter méi wäit gelant ass. D'Gefier hat sech an der Luucht gedréint, sou datt et als éischt mam hënneschten Deel opkomm ass.

Nieft der Police, de Rettungsdéngschter, déi de Mann aus dem Auto hu misste befreien, an engem Kran, fir den Auto ze biergen, war och d'Air Rescue op der Plaz. De Chauffeur koum mat schwéiere Blessuren an d'Spidol.

D'Collectrice war tëscht der Sortie Suessem an dem Rondpoint Biff fir kuerz Zäit komplett gespaart, sou datt et zu Problemer am Trafic koum. Kuerz viru 15 Auer war d'Plaz vum Accident awer geraumt.