Helicopter with no blades Helicopter Blades

Urgence
24/7

Urgence
24/7

LAR dans les médias

Comme association sans but lucratif, LAR est étroitement lié à l’intérêt publique. C’est pourquoi nous tenons à maintenir notre public informé de notre travail.

Giewelsmillen: Mann liewensgeféierlech blesséiert bei Accident (source: rtl.lu)

LAR-Logo2009-new-colors-Converted

E Freideg kuerz viru 17 Auer koum et op der Giewelsmillen zu engem schwéieren Accident tëscht engem Auto an engem Moto. Vun der Giewelsmillen an Direktioun Buurschent sinn en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Dobäi gouf de Motorradsfuerer liewensgeféierlech blesséiert. D'Strooss huet misste fir de Verkéier gespaart ginn. Op der Plaz ass de SAMU, den Helikopter vun der Air-Rescue souwéi d'Ambulanz an de Sauvetage vun Ettelbréck. Zwou Persoune goufen op der Houschter-Déckt géint 16:22 Auer blesséiert, wéi et en Accident tëscht 3 Autoe gouf. Op der Plaz waren d'Ambulanz, de Sauvetage an d'Pompjeeë vun Housen, souwéi d'Ambulanz vun Ettelbréck. Zu Dikrech gouf um 15:41 Auer eng Fra ugestouss. Si koum mat liichte Blessure mat der Ambulanz vun Dikrech an d'Spidol.