Cyclist tëscht Nidderkolpech an Uewerpallen schro gefall (source: rtl.lu)
![2015-08-08 16_72dpi_rgb 2015-08-08 16_72dpi_rgb](/media/cache/301_resized_10_10_90_5ab4b0e2adaed_2015-08-08-16_72dpi_rgb.jpg)
Do war e Grupp Cyclisten ënnerwee an ee vun hinnen ass gefall, well et him schlecht ginn ass. En huet sech dobäi d'Schëller gebrach. Hie gouf mam Rettungshelikopter op Ettelbréck an d'Klinik geflunn. D'Strooss huet musse kuerz Zäit gespaart ginn.