Contern: Aarbechter uerg um Kapp blesséiert (source: eldo.lu)
![20150413 Arbeitsunfall Contern 2015-04-13 09.14_rs_adj_for lar.lu 20150413 Arbeitsunfall Contern 2015-04-13 09.14_rs_adj_for lar.lu](/media/cache/278_resized_10_10_90_5ab4b0cdb055d_20150413-Arbeitsunfall-Contern-2015-04-13-09.14_rs_adj_for-lar.lu_.jpg)
Um spéiden Méindegmueren gouf en Aarbechter an engem Betrib zu Contern bei engem Aarbechtsaccident liewensgeféierlech um Kapp blesséiert... Bei engem uergen Aarbechtsaccident um spéiden Méindegmueren zu Contern ass e Mann liewensgeféierlech um Kapp blesséiert ginn. Bei Aarbechten mat engem Gabelstapeler war et dem Mann schlecht ginn an ass mam Gefier accidentéiert. Den Onglécklechen gouf vun Beton-Réiher an der Fuerer-Kabinn ageklemmt. Hien koum mam Rettungshelikopter vun der Air Rescue an d'Klinik.