Heischtergronn - Frontalkollisioun tëscht Motorrad a Jeep (Source rtl.lu)
![LAR-Logo2009 new colors [Converted] LAR-Logo2009 new colors [Converted]](/media/cache/351_resized_10_10_90_5ab4b11a8b0a4_LAR-Logo2009-new-colors-Converted.jpg)
Tëscht Esch/Sauer an der Giewelsmillen ass um Samschdegmoie géint 11 Auer e Motocyclist mat enger Jeep kollidéiert. De Motocyclist gouf uerg verwonnt.
De Motocyclist war eng Zäit laang net uspriechbar. E gouf an Tëschenzäit mam Rettungshelikopter an d'Spidol geflunn.
D'N27 (Heischtergronn) huet op där Plaz kuerzfristeg fir den Trafic musse gespaart ginn. De Samu an de Rettungshelikopter waren am Asaz.