Helicopter with no blades Helicopter Blades

Emergency
24/7

Emergency
24/7

LAR media presence

As a non profit organisation LAR finds itself closely related to public interest. It’s important for us to keep the general public informed about our work.

Accident tëscht Auto a Moto, Motocyclist uerg verwonnt (Source: rtl.lu)

web1

Um Samschdeg de Moie géint 11.30 Auer krute sech op der Streck Tënten-Huelmes en Auto an e Moto ze paken.
Op der Héicht vun der Lagerhal vun der Gemeng wollt de Chauffer vum Auto op deen Terrain ofbéien. E Motocyclist, deen am Grupp mat e puer anere Motarden gefuer koum, huet nach probéiert auszewäichen, ass dobäi queesch mat sengem Gefier iwwert d'Strooss gerutscht a krut den Auto dunn awer nach ze paken. De Motocyclist gouf zum Deel ënnert den Auto geschleidert.

De Grupp vu Motarden huet direkt reagéiert, si hunn de Won ugehoff a mat hëlze Stécker fixéiert.
Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, haten déi vill Fräiwëlleg ganz Aarbecht geleescht, sou dass de Rettungshelikopter ouni Problemer konnt landen. De schwéier blesséierte Motocyclist koum an d'Spidol.

Den CR113 war fir ronn eng Stonn fir den Trafic gespaart.