Baggerweieren zu Remerschen - 3 Joer aalt Kand bal erdronk, konnt reaniméiert ginn (Source: rtl.lu)
E klengt Kand vun 3 Joer wier an de Baggerweieren zu Remerschen bal erdronk. Et konnt aus dem Waasser gerett ginn an d'Schwammmeeschter op der Plaz hunn et reaniméiert. De First Responder aus Schengen war séier op der Plaz, ma du war d'Kand schonn uspriechbar. Si hunn et mat Sauerstoff versuergt, bis d'Ambulanz aus Réimech koum. Donieft ass de Rettungshelikopter um Footballsterrain zu Remerschen gelant an hunn d'Kand dono an d'Spidol bruecht.
De Centre d'incendie et de secours vu Schengen schwätzt an dësem Fall vun enger virbildlecher Zesummenaarbecht vun allen Deeler vun de Rettungsequippen.