Mann geréit ënnert Maschinn fir Marquage-Aarbechten Deen Ongléckleche gouf uerg verwonnt, de Rettungshelikopter war op der Plaz. (Source: rtl.lu)
![2016-07-11-13-Web 2016-07-11-13-Web](/media/cache/358_resized_10_10_90_5ab4b11fc7a5b_2016-07-11-13-Web.jpg)
Aarbechtsaccident e Méindeg de Mëtteg géint 13.30 Auer tëscht Donkels an dem Donkelser Potto.
An der Haaptstrooss war en Aarbechter bei Marquage-Aarbechten ënnert esou eng Maschinn geroden a gouf uerg verwonnt.
De Rettungshelikopter war op der Plaz.
Wéi d'Police mellt, war d'Haaptstrooss gespaart ginn, awer just fir eng kuerz Zäit.