Helicopter with no blades Helicopter Blades

Emergency
24/7

Emergency
24/7

LAR media presence

As a non profit organisation LAR finds itself closely related to public interest. It’s important for us to keep the general public informed about our work.

Kand vu Bus ugestouss a liewensgeféierlech blesséiert (Source: rtl.lu)

2016-07-18 15_web

Den Accident ass um Méindeg am Nomëtteg géint 14.45 Auer op der Kräizung vun der Rue des Tilleuls mat der Route de Bigonville geschitt. De Jong ass op der Kreizung vun der N4 mat der Route d'Arlon an der Route de Bigonville mat sengem Vëlo iwwer en Zebrasträife gefuer. Den Ermëttlungen no war et gréng fir d'Foussgänger, wéi de Bus, deen aus der Direktioun Baaschtnech koum, an d'Route de Bigonville ofgebéit ass an d'Kando dobäi iwwersinn huet, sou datt d'ënnert de Bus geroden ass. De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz ordonnéiert, fir d'Spuren ze sécheren. Wéi d'Police schreift, géif akut Liewensgefor fir de Jong bestoen. D'Kräizung am Zentrum vu Rombech-Maarteleng, an der Géigend vun der Areler Strooss, war doropshi blockéiert, wat zu Stau gefouert huet.