Op der N23 krute sech 2 Ween ze paken (source: rtl.lu)
![2015-06-12 20 2015-06-12 20_rgb_72dpi_WEB 2015-06-12 20 2015-06-12 20_rgb_72dpi_WEB](/media/cache/287_resized_10_10_90_5ab4b0d552ea9_2015-06-12-20-2015-06-12-20_rgb_72dpi_WEB.jpg)
Schro Kollisioun um Freideg den Owend kuerz no 20 Auer zu Kietscht a Richtung Fléiber. Eent vun de Gefierer hat Feier gefaangen.
Op der Strooss a Richtung Fléiber hate sech zwee Autoen ze pake krit. Eng Persoun gouf am Auto ageklemmt an huet mussen aus dem Gefier geschnidde ginn. Iwwerdeems hat ee vun de Ween beim Accident Feier gefaangen, sou datt d'Pompjeeën hu missen an den Asaz. Eng Persoun gouf beim Accident liicht blesséiert.
Op der Plaz waren d'Ambulanz vu Bungeref, d'Ambulanz vu Réiden, de Sauvetage vu Bungeref, d'Pompjeeë vu Rammerech, de SAMU Ettelbréck, de Rettungshelikopter an d'Police.