Aarbechter fält vu Baugerüst an d'Déift (Quelle: www.rtl.lu)
![20140129 Cruchten IMG_1026 20140129 Cruchten IMG_1026](/media/cache/263_resized_10_10_90_5ab4b0c351250_20140129-Cruchten-IMG_1026.jpg)
Op engem Neibau am Kinnekswee zu Kruuchten koum et kuerz viru e Mëttwoch de Mëtteg zu engem Aarbechtsaccident. En Aarbechter hat do an enger Héicht vun 8 bis 10 Meter d'Gläichgewiicht verluer an ass tëscht der Hauswand an dem Gerüst an d'Déift gefall. Hie gouf blesséiert a koum an d'Spidol. D'Air Rescue war op der Plaz.